eichten Extrait aus dem neien Tëschegas-Album "Et wuar net keen...mol".
Release-Party 21.03 am Café Big Ben zu Diddleng.
All Infoen ennert: www.facebook.com/teschegas oder www.teschegas.lu
Text a Musek (c) Tëschegas
Lyrics:
De Chrom friséiert, d'Schécks poléiert,
d'Stiwwel gewichst, de Minetts Angels Logo opgebitzt.
D'Koar aus der Garage gedréckt,
sech iwwert den Tank gebéckt.
Den Helm opgesat,
sinn d'Flèche du Sud op der Vespa.
Ofgasen man mech high,
Co2 à l'Etat brut, kee Bläifräi.
Refrain
Um Blanche liken ech just de Weber,
well ech si kee Mouveco's Streber.
Bus Tram Bunn kënne mech mol,
mäin Oarsch kënnt just Tiffosis Stol.
Ech reide meng Vespa Richtung Sonn,
verschwanne gläich am Horizont.
Den Tëttelbierg tuckeren ech erop,
t'Haaptsaach wäit vun der Hesperkopp.
Säi String Tanga luusst iwwert d'Jeans,
seng Ärem em mech, ech sinn de King of Queens.
Hei spiren ech guer keen Heemwéi,
Op menger klenger Bonzai Harley.
Ofgasen man mech high,
Co2 à l'Etat brut, kee Bläifräi.
Refrain
De Wand bléist mär an d'Gesiicht,
vu 5 Watt gëtt mäi Wee beliicht.
De Guidon fest a mengen Hänn
an 1000 Mécken tëscht den Zänn.
A ginn ech da mol Tëschegas,
gëtt all Bomi em mech naass.
Ech cruise weider wéi den Tom,
si Maverick, op enger Bomm.
Meng Side Pipe rouert an der Hëtzt,
och ech sëtzen um Schleidersëtz.
Den Iceman jo dee léisst mech kal,
de Goose hat d'Strooss leider net behal.
Mee wann ech nees doheem am Hangar stinn,
e Grinsen am Gesiicht, ech hat erëm alles ginn.