TTIP&CETA - Sinn 2 Handelsofkommes mat den USA respektiv Canada, déi net nëmmen ondemokratesch verhandelt ginn, mä dovunner ofgesinn och d'Richtung vun der Aart a Weis wéi mer an Zukunft wirtschaften a liewe wëllen virginn. Déi Jonk vu move., dem Jugendgrupp aus dem Mouvement Ecologique, fuerderen eis Politiker op net sou ignorant mat eiser Zukunft ëmzegoen.