http://itunes.apple.com/lu/album/dkeess-op-an-dklacken-eraus/id471588661?i=47...
Et sangen: Daniel Balthasar, Raquel Barreira, Gérard Bintener (Millermoaler), Shlomit Butbul, Ralf Haas (Convertibles), Lex Heyar (Moof), Sascha Ley, Marc Limpach, David Moreira (Eternal Tango), John Rech, Jonathan Reichling (Exemo), Gollo Steffen, Serge Tonnar (Legotrip)
Et spillen: Rom Christnach (Bass), Eric Falchero (E-Piano), Misch Feinen (Schlogezei), Serge Tonnar (Gitaren)
Opgeholl vum: Mike Butcher, Eric Falchero, Serge Tonnar
Gemëscht vum: Mike Butcher
Gemeeschtert vum: Alan Ward (Electric City)
!!! All d'Kënschtler hunn op hiere Verdéngscht verzicht an de ganze Benefiss vum Verkaf geet un déi sozial Projete vun der Fondation Thierry van Werveke !!!
Dons: Fondation Thierry van Werveke, IBAN LU75 0030 7810 7666 0000
D'Keess op an d'Klacken eraus!
(Text a Musek: Serge Tonnar)
1
Hänn an d'Luucht an d'Klacken eraus, dat heiten ass en Iwwerfall
A kuck net sou domm hannert dem Guichet eraus, soss lands de bei eis hannen an der Mall
Där hutt all zevill Klacken um Konto
A mär man iech elo e Stéck méi liicht
D'Keess op an zwar e bësse pronto
Eisem Goldsaak feelt et nach u Gewiicht
2
Esouvill Klacken braaucht där dach ni, dofir réckelt mol e ganze Pak eraus
Gidd eis är Suen, mär braauche se ganz vive, a gi se fir e gudden Zweck aus
Fir d'éischt gi mer e gudden Humpe knuppen (Ma prost, dann!)
An da beim Stärekach un den Dësch gesat (Gudden Appetit!)
Dono nach op d'Gare eng Portioun Buppen (Gromperen!)
Där gesidd är Klacke gi gudd agesat
Chorus
Lo séier d'Keess op an d'Klacken eraus
Gëff mol alles wat's de grad net braauchs
Mat dengem Goss ma mär villes gutt
Well mär sinn eppes wéi de Robin Hutt
3
Am décke Won hannert getéintem Glas, kritt een net mat wat dobaussen esou leeft
Dofir klamm mol eraus a maach en Tour duerch d'Gaass, bei denge Frënn ass keen deen der et gleeft
A wann däi schlecht Gewëssen dech da plot
Den Johnny Chicago dee weess
Dat Bescht ass du follegs eisem Rot
A brengs eis e puer Klacke fir an d'Keess
4
A sinn deng Klacken da bei eis, da bass de gebeicht, den Herrgott verzeiht der all deng Sënnen
Awer bleiws de drop sëtzen, a gëss eis guer näischt, dann ziels de gläich d'Blumme vun ënnen
Dofir gëff dengem Häerz dach e Stouss
Oder wëlls de ee vun eis op der Stir hunn
Schéck eis e puer Klacken an e Grouss
Da kënns de och mam Liewen dervunn
Chorus
Lo séier d'Keess op an d'Klacken eraus
Gëff mol alles wat's de grad net braauchs
Mat dengem Goss ma mär villes gutt
Well mär sinn eppes wéi de Robin Hutt
ET AS CCCCCOOOOOOOOOOOOOOOOOOOOOOOOOOOOOOOOOOOOOOOOOOLLLLLLLLLLLLLLLLLLLLLLLLLLL
idioten5 1 month ago
saugut,,weider machen ,decke gaas
wagchrisful 2 months ago
dat do as tiptop!
carogils 4 months ago
Pretty
02nonstop 4 months ago
Super !!
♫♪ BigBluesMama ♪
lilrolter 4 months ago
super genial =)
daumen hoch =)
kevind1100 4 months ago
génial!
rcoracao 4 months ago