Mueres wann d'Klack an aller Fréi laut
Da gëtt zu Dikrech de Béier gebraut
De Braumeeschter ass jo dann och schonn um Dill
An wierzt onsere Béier mat esou vill Gefill
A Fläschen a Fässer gëtt hien da gefëllt
An d'Ländchen gefouert, duer wou et gëllt
Hei hiewe mir d'Glas, ze läschen eis Brenn
Fir d'éischt awer klappe mir ganz dichteg an d'Hänn
(2x)
E gudden Dikrecher, dee bréngt eis all op d'Been
Egal, wéini, wou, mir si beieneen
An drénken een Himpchen vun Dikrech mat Genoss
Hie schmacht iwwerall, dobaussen an och soss
Owes am Ländchen, do ass munches lass
Hei bréngt hien ons sou richteg a Schmass
Da gëtt gefeiert, gegeckst a gelaacht
Hien hält ons Partie, wëll en Dikrecher schmaacht
Mir drénken op Frëndschaft an net nëmmen een
Mat Dikrech, jo do, gi mir nach laang net heem
Dann hiewe mir d'Glas, ze läschen eis Brenn
Fir d'éischt awer klappe mir ganz dichteg an d'Hänn
(2x)
E gudden Dikrecher, dee bréngt eis all op d'Been
Egal, wéini, wou, mir si beieneen
An drénken een Himpchen vun Dikrech mat Genoss
Hie schmacht iwwerall, dobaussen an och soss
A wann Owes spéit mol Problemer entstinn
Eng kleng am Kanälli, dat soll et nach ginn
Da gi mir zu Fouss, den Auto bleift stoen
Firwat solle mir eis mat véier Rieder ploen
(2x)
E gudden Dikrecher, dee bréngt eis all op d'Been
Egal, wéini, wou, mir si beieneen
An drénken een Himpchen vun Dikrech mat Genoss
Hie schmacht iwwerall, dobaussen an och soss
Lalalalalalalalala
Lalalalalalalalala
Lalalalalalalalala
Lalalalalalalalala
Lalalalalalalalala
Lalalalalalalalala
Lalalalalalalalala
HILFE! Brauch ganz dringen den Text hiervon. Meine Luxfreundin hat heute Geburtstag und wir wollen es alle für sie singen. Kann mir jemand helfen?
Dorlify 2 months ago
@Dorlify Ich habe den Text in die Beschreibung gesetzt. Viel Spaß damit! ;)
luxloader 2 months ago
Kann een dat roflueden? Brauch et fir d'Fues....
ban2712 2 years ago
@ban2712 Ech kenne keng Platz wou een d'Lidd direkt eroflueden kann, mä du kanns et aus dësem Video huelen: et gi sou Programmer, déi der de Video direkt an eng mp3-Datei ëmwandelen.
luxloader 2 years ago
fw muss dei brauerei zou gemaach gin ?
:(
1871 -2010?? dat kann et nit sin !
wees een wou een dat lidd rooflueden keint ?
HARDYSFR34K 2 years ago
@HARDYSFR34K No dengem Kommentar huet nach een dat nämlecht gefrot, lies meng Äntwert einfach do.
luxloader 2 years ago