Laksembörg-Sitti

Loading...

Sign in or sign up now!
Alert icon
Upgrade to the latest Flash Player for improved playback performance. Upgrade now or more info.
46,200
Loading...
Alert icon
Sign in or sign up now!
Alert icon

Uploaded by on Mar 10, 2011

Laksembörg-Sitti

Serge:
D'Stad heescht Stad an net Laksembörg-Sitti
Dat weess hei am Land dach all Kätti an all Pitti
Zu Diddeleng d'Ignitti an zu Ettelbréck all Litti
All Strummert op der Gare an am Pescatore all Ditti

D'Haptstad vum Land heescht ganz einfach Stad
Well de Lëtzebuerger jo soss keng Stad méih hat
Mee d'Stad gëtt sech glat, dat wat gëllt ass d'Fassad
Mam Reklammenapparat e Facelifting gemaacht

Ech sinn e Stader Jong ma vun där Stad kréihen ech de Sout
'T ass keng Stad fir dran ze liewen an no 6 ass se dout
An denkt emol drun, tëscht de Bijouen an der Moud
Virun 100 Jor gouf um Glacis nach geplout

Vum Bauer zum Banker an dat ouni Tëschestopp
An de Piff hängt hinnen nach un de Suelen drop
An déi Stader Politiker gi sech gär ganz Top
Mee hier Zopp ass e Flopp, Laksembörg-Sitti, hal dach op!

Laksembörg-Sitti, wärri pritti
Wärri dout, dout, wärri dout, dout
Laksembörg-Sitti, uatt e pitti
Wärri dout, dout, wärri dout

Corbi:
ech sin en Zolwerbouf an wel di Stader net verletzen
si hu schliesslech keng Arbed mat daer si sech kenne bretzen,
ech wel naischt dovu wessen an um Uasch setzebleiwen
ech loossen mir leiwer eppes vun den Inder viirschreiwen

well d Haaptstaat vum Sueden jo dat as de Minett
die mat der rauer Binett, gleew mir fro mol d Ginette
mee an der Stad leeft eng, op manst bis 6 Auer
dat eenzegt wats du bei eis gesais as den Traktor an de Bauer

ech sin en Zolwerbouf an ech gin hei nët mei fort,
mir hun zwar flait kee Smog, mee dofir fäine piffgeroch
an e Minetter brauch kee Schickimicki a keng Moud
well irgendwei get bei eis haut nach geplout

maer sin sou wei maer sin, vun der Long op d Zong
eis Fangerneel si knaschteg a mir hu Bulli un de Schong
jo di Stader kenen eis Mentaliteit roueg haassen
well mir eis wie di Mierscher net mam falsche Glanz befassen

Serge:
Léiwt Kätti, léiwe Pitti, ech wunnen zwar zu Miersch
Mee meng Eltere si Minetter, an ech si vum Lampertsbierg
Ech weess vu wat ech schwätzen, an als Stader son ech Iech
Déi Stad ass saat ze glaat vum Gronn op de Kierchbierg

Corbi:
Lauter iwwel Fierz déi d'Loft mat hire Kuare verpeschten
D'Haaptsaach d'Paltongszéier, déi kommen op hier Käschten
Wou si mer geland, mir liewen an enger PlastiksWelt
Wou jideree sech sou gëtt datt en deem anere gefällt.

Serge:
Léif Stader Haryen, mir wëssen net wat dir gär hätt do
Eng Stad ass dach keng VIP-Lounge a keen Entertainment-Ghetto
Corbi:
Aplaz all Bopebistro an all Bomebuttek ze verjon
Loost se gon, loost se ston, loost mol neess eppes entston

Serge:
D'Stad gehéiert net de Flicen an och net de Paschtouren
Corbi:
A scho guer net dene Bloen déi eis de Kapp voll souren

Zesummen:
Maacht d'An op, a spëtzt emol är Ouren
Well eng Stad gehéiert och de Fixer an den Houren

Category:

Music

Tags:

License:

Standard YouTube License

  • likes, 13 dislikes

Link to this comment:

Share to:

Top Comments

  • Dei 5 dislikes kommen vun der staat;)

  • haha net schlecht dat do :D

see all

All Comments (88)

Sign In or Sign Up now to post a comment!
  • Minette rocks ;) Hehe

  • Décke Gas! einfach nemmen TOP! <3

  • Einfach cool

  • Daat lidd ass einfach mega!!!!!

  • Herrlech, genau meng Meenung, linguistesch absolut respektabel ! :-)))))

  • Ech lauschter eischta r&b rap asw... Mee du STONNAR hues e lidd gema waat jidfereen lauschtert mee et wo bessen e missajr vie deng CD ze fannen aussa op itunes(vie mai papp) ;) hie fennt belsch plaasch gudd;)))))))

  • Slt monsieur stonnar, die hudd itunes am video falsch geschriwwen ,,Kaaf mech op iTunnes";)

  • luxembourg city, very pretty, mais wierklech leider very doud. Ech sin Staater, aus dem Gronn.... Dir hutt voll an ganz recht' . Mir wöllen ons Staat zreck.

  • @millivanilli51 Oii deelweis schon an der hourenstrooss vun der staat ginn et der nach

Loading...
Alert icon
0 / 00Unsaved Playlist Return to active list
    1. Your queue is empty. Add videos to your queue using this button:
      or sign in to load a different list.
    Loading...Loading...Saving...
    • Clear all videos from this list
    • Learn more